Online: Franséisch an der Schoul
(Code : D1-c-11)
Kontext / Contexte
Wéi erliewe Schüler/-innen a Studenten d’Franséisch-Léieren am Lëtzebuerger Schoulsystem? Wat sinn d’Ufuerderungen un d'Enseignéieren vun dëser Sprooch? A wéi eng Roll spillt d’Franséischt an onser Gesellschaft? Dës an aner Froen stinn am Mëttelpunkt vum Webinaire, den de SCRIPT a Radio 100,7 de 15. Juni 2021 vun 14.30 bis 16.00 proposéieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participante wëssen:
- wat d’Erausfuerderungen vum Enseignement vum an op Franséisch an deene verschiddenen ordres d’enseignement sinn a wéi et vermëttelt gëtt,
- wéi eng Pisten et ginn fir den Enseignement vum Franséischen un d’Besoinen vun deene Jonken an der spezifescher Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg unzepassen,
- wéi duerch d’Beherrschung vum Franséischen souwuel berufflech wéi och perséinlech Fäegkeeten opgebaut an Ziler erreecht kënne ginn.
Fäegkeeten
D’Participante sinn an der Lag:
- d’Erausfuerderungen fir den Enseignement vum Franséischen verstane ze hunn,
- de Rôle vum Franséischen an der Gesellschaft anuerdnen ze kënnen,
- verstanen zu hunn, wéi eng Efforten gemaach ginn, fir de Franséisch-Enseignement ze verbesseren.
- e nuancéierten an argumentéierten Abléck ze hunn an d’Fro vum Enseignement vum Franséischen vun allen bedeelegten Partner, vun der Grondschoul zum Lycée iwwer d’Ausbildung.
Astellung
D’Participante reflektéieren:
- hier Associatiounen a Virstellungen iwwer d’Léieren an d’Enseignéieren vum Franséischen,
- de Stellewäert vum Franséischen par Rapport zum Liewensalldag an dem Privatliewe vun der Populatioun am grousse Ganzen a vun de Kanner a Jugendlechen am Besonneschen.
Inhalt / Contenu
Am Studio sinn:
- d’Tonia Raus, Professesch fir Franséisch Literatur & hier Didaktik an Direktesch vun der Franséisch-Filière vum “Master en enseignement secondaire” op der Uni?
- d’Christiane Bechtold, Schoulmeeschtesch détachéiert um SCRIPT a Spezialistin fir d’Entwécklung vun didakteschem Material fir Franséisch an der Grondschoul
- d’Jessica Walté, Franséisch-Professesch am Lycée des Arts et Métiers an Auteure vu franséische Schoulbicher a Programmer fir de Secondaire
- den Nicolas Palumbo, Conseiller didactique, Formateur fir Franséisch um Institut de formation de l’éducation nationale (IFEN) a Franséischenseignant am Lycée Nic Biever Dudelange
An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren an och d’Stëmmen vu Schüler/-innen a Studenten.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Impulsbeiträg
- Diskussiounsron.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Claude Karger, SCRIPT, Coordinateur de projets d’éducation aux/par les médias
Remarques / Anmerkung
Dëse Webinar gëtt de 15. Juni 2021 vu 14:30 bis 16:00 Auer iwwert de Radio 100,7 iwwerdroen. E Link fir de Livestream vun der Emissioun ass den Dag selwer op der Websäit vum Radio 100,7 ze fannen: www.100komma7.lu
-
D’Participanten hunn d’Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hier Froen iwwert Email (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621440044) eranzereechen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 15 juin 2021 de 14.30 à 16 heures |
Lieu : | Diffusion Radio 100,7 & Livestream |
Nombre max. de participants : | 700 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | 14/06/2021 |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en collaboration avec le SCRIPT |