Online: Iwwert de Sënn vum Kodéieren an der Grondschoul. Problemléisend Denken vum C1 bis C4
(Code : D6-a-89)
Kontext / Contexte
Kodéieren, oder méi allgemeng Computational Thinking, gëtt als eng Methode verstane fir problemléisend Denken ze fërderen; eng Denkweis, déi hëlleft, alldeeglech Problemer ze léisen, an d’Kanner an d’Jugendlecher dozou befäegt, déi digital Welt, an der si liewen, besser ze verstoen.
Studie weisen, dass Kanner schonn a fréiem Alter opnahmfäheg fir problemléisend Denken sinn, enger Kompetenz, déi an der haiteger Welt eng wichteg Grondlag fir de weidere Bildungsverlaf an den Liewensalldag vun de Kanner a Jugendlechen duerstellt.
D’Fërderung vun de Kompetenzen zum problemléisenden Denken hu jee no Perspektiv eng pedagogesch, eng sozio-ekonomesch oder eng perséinlech Zilsetzung. Fir den Enseignement steet net d’Ausbildung vun InformatikerInnen op éischter Plaz, mee d’Fërdere vu kreativen a strukturéierten DenkerInnen ab der féier Kandheet, déi fäeg sinn, hir Iddien ausdrécken ze kënnen.
An enger Diskussiounsronn ginn Invitéen dorobber an, wéi ee Stellewäert den Opbau vun dëse Kompetenzen aus pedagogescher, wirtschaftlecher an ethescher Perspektiv fir d’Kanner a d’Jugendlecher huet.
D’Participanten hunn d’Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hier Froen iwwert den Chat eran ze reechen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participante wëssen um Enn vum Dag:
- Wat mat kodéiere gemengt ass,
- wéi eng Grënn fir den Asaz vum problemléisenden Denken vum C1 bis C4 schwätzen,
- wéi duerch Computational Thinking am Unterrecht souwuel wirtschaftlech wéi och perséinlech Ziler erreecht kënne ginn.
Fäegkeeten
D’Participante sinn um Enn vum Dag an der Lag:
- d’Kompetenzen, déi beim problemléisenden Denken gefërdert ginn, verstanen ze hunn,
- d‘Kodéiere par Rapport zu der Mediebildung, der Medienutzung an der informatescher Bildung anzeuerdnen,
- Grënn verstanen zu hunn, firwat Kodéieren a problemléisend Denken an der Grondschoul soll geléiert ginn.
Haltung
D’Participante reflektéieren:
- hier Associatiounen a Virstellungen zum Kodéieren par Rapport zu den Informatiounen aus der Video-Konferenz,
- de Stellewäert vun de Kompetenze vum problemléisenden Denken par Rapport zum Liewensalldag an dem Privatliewe vun de Kanner a Jugendlechen.
Inhalt / Contenu
D’Invitéen fir d’Diskussiounsronn sinn:
Här Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung
Mme Claudine Kariger, digital Luxembourg, Staatsministère
Här Robert Reuter, Universitéit Lëtzebuerg
Mme Sonia Klein, Léierin am C1 a Presidentin vum Comité vun der Grondschoul Jonglënster
Här Carlo Thimmesch, Instituteur spécialisé en compétences numériques, IFEN
Moderatioun: 100,7
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Impulsbeiträg
- Diskussiounsronn
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
ExpertInnen aus der Digitalkultur a Mediebildung
Remarques / Anmerkung
Le lien Youtube sera transmis aux participants 1 jour avant le début de la formation.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 26 janvier 2021 de 14.30 à 16 heures |
Lieu : | Formation en ligne - 100,7 / Youtube |
Nombre max. de participants : | 950 |
Places disponibles : | 4 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 26 janvier 2021 de 14.30 à 16 heures |
Lieu : | Formation en ligne - 100,7 / Youtube |
Nombre max. de participants : | 950 |
Places disponibles : | 568 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Martine Wiltzius - martine.wiltzius@men.lu |
Organisation : | SCRIPT en collaboration avec radio 100,7 |